Wéi een Uewen passt am beschten a mäin Haus?

5 Min. Liesdauer

D’Leeschtung, d’Raumgréisst an den Heizbedarf richteg aschätzen

Wee e neien Uewen kafe wëll, beschäftegt sech meeschtens als Éischt mam Design, dem Brennstoff an dem Präis. Eng vun de wichtegste Froe gëtt dobäi awer dacks ënnerschat:

Wéi vill Leeschtung brauch mäin Uewen eigentlech?

5 kW, 7 kW oder awer 10 kW? Méi Leeschtung kléngt op den éischte Bléck no méi Reserven. Bei Iewen ass méi grouss awer net automatesch besser. En Uewen mat ze vill Leeschtung ka genee esou problematesch sinn ewéi een, deen ze kleng ass.

 

D’Quadratmeterzuel eleng geet net duer

 

Dacks fënnt een Angaben ewéi „gëeegent fir 30 bis 100 m²“. Esou Wäerter kënnen eng éischt Orientéierung ginn, ersetzen awer keng genee Bewäertung vum Gebai.

Zwee Kummere mat jeeweils 50 m² kënnen e komplett ënnerschiddlechen Hëtztbedarf hunn.

  • Alter an Isolatiounsstandard vum Gebai
  • Gréisst an Héicht vum Raum, dee gehëtzt soll ginn
  • Unzuel a Qualitéit vun de Fënsteren
  • Oppenen oder zouene Raumopbau
  • Ugrenzend Raim an Trapenhaiser
  • Opstellplaz vum Uewen
  • Bestoend Heizungsanlag
  • Gewënscht Notzung vum Uewen

E gutt isoléierten Neibau brauch zum Beispill däitlech manner Heizleeschtung wéi en eelert, schlecht isoléiert Gebai mat der selwechter Gréisst.

 

Firwat en ze grousse Uewen net besser ass

 

„Léiwer e bëssen ze grouss, da hunn ech genuch Leeschtung.“

Dëse Gedanke läit no – ass bei engem Kamäinuewen awer net onbedéngt sënnvoll.

En Uewen funktionéiert am beschten an deem Leeschtungsberäich, fir deen e konzipéiert gouf. Ass den Uewen däitlech ze grouss fir de Raum, gëtt et séier ze waarm. D’Konsequenz: De Benotzer reduzéiert d’Quantitéit un Holz staark oder drosselt d’Loftzoufuhr.

Doduerch kann d’Verbrennung manner optimal verlafen. Ausserdeem verléiert de Uewen en Deel vum Confort, deen een eigentlech erreeche wollt.

D’Zil sollt dofir net sinn, e méiglechst groussen Uewen ze wielen, mee een, deem seng Leeschtung zum Gebai an zur tatsächlecher Notzung passt.

 

Wat bedeit d’Angab „kW“ bei engem Uewen?

 

D’Leeschtung vun engem Uewen gëtt a Kilowatt (kW) uginn.

Déi sougenannt Nennwärmeleeschtung beschreift, vereinfacht gesot, d’Hëtztleeschtung, fir déi den Uewen am normale Betrib ausgeluecht ass.

verteilen kann.

En Uewenmat 6 kW ass dofir net automatesch fir eng bestëmmte Quadratmeterzuel gëeegent. Entscheedend ass, wéi vill Hëtzt dat jeeweilegt Gebai brauch a wéi gutt sech dës Hëtzt verdeele kann.

Besonnesch bei modernen oder renovéierten Haiser kann den tatsächlechen Hëtztbedarf iwwerraschend niddreg sinn.

 

Oppen Wunnberäicher veränneren d’Situatioun

 

Och d’Raumopdeelung spillt eng wichteg Roll.

Steet den Uewen zum Beispill an engem oppene Wunn- an Iessberäich mat engem ugrenzende Gank an engem oppenen Trapenhaus, kann sech d’Hëtzt op e wesentlech méi grousse Beräich verdeelen.

An enger zouener Kummer bleift d’Hëtzt dogéint méi staark am Raum, an deem den Uewen steet.

Dofir kucke mir bei der Planung vun engem Kamäinuewen net nëmmen op d’Quadratmeterzuel vun der Kummer, mee och dorop, wouhin sech déi produzéiert Hëtzt tatsächlech verdeele kann.

 

Zousazheizung oder richteg Heizquell?

 

Eng weider entscheedend Fro ass:

Wat soll den Uewen leeschten?

Soll en haaptsächlech fir gemittlech Owender an zousätzlech Hëtzt an der Iwwergangszäit suergen? Oder soll e reegelméisseg e méi groussen Deel vum Haus hëtzen?

Wee en Uewen nëmmen geleeëntlech als Ergänzung zu der bestoender Heizung benotzt, huet aner Ufuerderunge wéi een, deen en all Dag iwwer vill Stonne benotzt.

Och d’Bedéngung spillt dobäi eng Roll. E klasseschen Holzuewen bitt e siichtbart Feier an eng direkt Aart ze hëtzen. E Pelletsuewen kann dogéint, jee no Modell, automatesch funktionéieren a seng Leeschtung reguléieren.

Déi richteg Wiel hänkt dofir net nëmme vum Gebai of, mee och vum Alldag vu sengen Awunner.

 

Kamäin an den Uewen mussen zesummepassen

 

Bei der Planung däerf de bestoende Kamäin net vergiess ginn.

En Uewen funktionéiert ëmmer zesumme mat der ugeschlossener Ofgasanlag. Ënner anerem mussen de Querschnëtt, d’Héicht, de Verlaf an den Zoustand vum Kamäin zum virgesinnenen Modell passen.

Bei engem bestoende Gebai sollt dofir virun der definitiver Wiel gepréift ginn, ob de vorhandene Kamäin fir de gewënschten Uewen gëeegent ass.

Wann kee gëeegente Kamäin vorhanden ass, kann, jee no Gebai, zum Beispill en neie Kamäin un der Baussewand eng Léisung sinn.

 

Och d’Verbrennungsluft muss berücksichtegt ginn

 

E Feier brauch Sauerstoff.

Bei eelere Gebaier kënnt dacks genuch Loft duerch d’Gebaihüll an de Raum. Modern an energetesch sanéiert Haiser sinn dogéint däitlech méi loftdicht.

Jee no Gebai an Uewen kann dofir eng extern Verbrennungsluftzoufuhr néideg oder sënnvoll sinn. Dobäi gëtt déi néideg Loft iwwer eng separat Leitung vu baussen direkt an den Uewen gefouert.

Och dëse Punkt sollt méiglechst fréi berücksichtegt ginn – besonnesch bei Neibauten an ëmfangräich sanéierte Gebaier.

 

Fir d’éischt plangen, dann den Uewen auswielen

 

Natierlech spillt den Design eng wichteg Roll. Schliisslech steet en Uewen iwwer vill Jore gutt siichtbar am Wunnraum.

Aus technescher Siicht sollt d’Reiefolleg awer ëmgedréint sinn:

Gebai → Hëtztbedarf → Opstellplaz → Kamäin → passend Leeschtung → gëeegenten Uewen → Design

Esou kann ee vermeiden, datt en Uewen, deen optesch perfekt passt, spéider technesch net zum Haus passt oder fir de Raum däitlech ze grouss dimensionéiert ass.

 

HWAM 3520c

 

Eisen Tipp

 

Wee en Uewen plangt, sollt sech dofir net ausschliisslech u pauschale Quadratmeterangaben orientéieren.

Eng gutt Planung vun engem Uewen berücksichtegt dat ganzt Zesummespill tëscht dem Gebai, der gewënschter Notzung, der Leeschtung, der Verbrennungsluft an der Ofgasanlag.

Mir begleeden Iech vun der Auswiel vum passende Uewen iwwer d’Iwwerpréiwung vun de bestoende Gegebenheeten bis hin zur Installatioun an dem Uschloss un d’Ofgasanlag.

Esou entsteet net einfach nëmmen en Uewen an der Kummer, mee eng Léisung, déi zum Haus a senge Bewunner passt.

Loosst Iech inspiréieren an entdeckt eis Iewen.