Karriär

Mir sichen Verstäerkung – vläicht genee DU?

 

 

Kamäinbotzer & Kamäinbauer

Hues du Loscht op eng nei Aarbecht, ofwiesslungsräich Aufgaben an eng Ekipp, op déi ee sech verloosse kann?

Da bass du bei eis genee richteg!

Mir sinn e jonken, wuessend Familljebetrib mat vill Passioun fir d’Handwierk.

Bei eis zielen net nëmmen eng propper Aarbecht an zefridde Clienten, mee och den Zesummenhalt an der Ekipp an de Spaass un der Aarbecht.

 

Wee siche mir?

  • Kamäinbotzer
  • Kamäinbauer
  • Motivéiert Handwierker, déi Loscht hunn, Neies ze léieren

 

Wat solls du matbréngen?

  • Erfarung am Beräich Kamäiner an Iewen

  • Handwierklecht Geschéck an technescht Verständnis

  • Keng Angscht virun der Héicht a Bereetschaft, um Daach ze schaffen
  • Eng zouverlässeg a selbststänneg Aarbechtsweis

  • Teamgeescht an eng gutt Portioun Motivatioun

  • Führerschäin Klass B

 

Wat erwaart dech bei eis?

  • Eng familiär Ekipp, an där jidderee wichteg ass

  • Ofwiesslungsräich Aarbecht amplaz vun engem langweilegen Alldag

  • Modern Ausrüstung

  • Kuerz Entscheedungsweeër, oppen Kommunikatioun an en unkomplizéiert Mateneen

  • Eng sécher Aarbechtsplaz mat Zukunft

  • D’Méiglechkeet, dech an deng Fäegkeete weiderzeentwéckelen

 

Kléngt dat no dir?

Da gëtt et Zäit, datt mir eis kenneléieren.

Gëff Deel vun eiser Ekipp a gestalt mat eis d’Zukunft!

Mir freeën eis op deng Bewerbung ënner : info@backes-ramoneur.lu

Reservéiert Äre Rendez-vous online

Wielt en Termin, de Rescht maache mir – Certificat inklusiv.